04-1
Baumwipfelpfad & Päiperleksgaart

7G1 a 7G2 hate fläisseg Kichelcher gebak fir hiren Trip an de Baumwipfelpfad an an de Päiperleksgaart. Bei herrlechem Wieder ass ee Picknick bei der Saarschleife gemaach ginn an dono d’Welt vun de Päiperleken entdeckt gi. No enger gudder Glace an engem klenge Kaddo vum Päiperleksgaart hunn di zwou Klassen hiert éischt Joer an der […]

Drai-Echelen-Klassefoto
En Tour duerch d’Stad mat der 4GPS / 4GSO

Am Laf vum Joer hunn d’Schülerinne vun der Klass 4GPS / 4GSO am Cours Lëtzebuergesch di verschidde Beräicher vu Lëtzebuerg kennegeléiert: Sprooch, Literatur, Tourismus a Geschicht. Zum Schluss vum Joer stoung eng Excursioun an d’Haaptstad um Programm. De Schwéierpunkt vun der Excursioun huet sech ëm d’Festungsgeschicht vu Lëtzebuerg gedréint. D’Schülerinnen hunn sech de Fort Thüngen […]

Ariston-Gruppefoto
3GPS / 3GSO op Visitt am Theater Esch

Kuerz virun der Schoulvakanz haten d’Klassen 3GPS an 3GSO d’Méiglechkeet den Theater zu Esch besichen. Zesumme mat der Theaterpädagogin Anja Hoscheit hunn d’Schülerinnen d’Welt vum Theater emol vun enger anerer Säit kenne geléiert. Si hu gemierkt, datt do och ganz vill Technik mat am Spill ass an datt niewent de Schauspiller ganz vill Leit am […]

Image2-3
D‘ Klassen 3GSO an 3GPS beim CGDIS Esch

D’ Klassen 3GSO an 3GPS haten d’Freed un enger Visite guidée vum CGDIS deelzehuelen. Di zwou Klasse waren zesummen am Centre d’Incendie et de Secours zu Esch. Do kruten d‘Schülerinnen am Kader vun der Sustainable Entrepreneurial School d’Aufgabn vun de Berufspomjeeën erkläert a gewisen. Dono haten d’Schülerinnen och d’Méiglegkeet, eng Kéier mat der Leeder vum […]

20230502225653-31eae65e-xs
D’Ecole privée Marie-Consolatrice an der Oktav

Et war eng Première fir eis Schoul. D’Ecole privée Marie-Consolatrice hat hir Mass fir sech an der Oktav. Zesumme mam Weibëschof Leo Wagener a mam Diakon Frank Strock hunn d’Schülerinnen d’Mass virum Votivaltor vun der Mutter Gottes gefeiert. D’Mass, déi ënner dem Motto Courage stoung, gouf vun de Schülerinne selwer gestallt a gesongen.

handwierkswoch_logo_transp
Handwierkswoch

Wärend der HANDWIERKSWOCH an der EPMC hunn eng Rei vu Beruffsvertrieder am Kader vum Projet Ecole entrepreneuriale de Schülerinnen hire Métier virgestallt: Si sinn op den Ausbildungswee agaangen, hunn déi verschidden Tâchen erkläert an déi néideg Kompetenzen ervirgestrach. D’Madamm Blanche Lamesch, Chef de Service Promotion et Sensibilisation aux Métiers, stellt an der EPMC de Projet […]

334945995_786689562351357_9029521454001725880_n
3GCM 3TPCM 1TPCM à Bruxelles

Passend zum Weltfrauentag waren heute einige Schülerinnen der @epmc_official im Europaparlament in Brüssel, um mehr über meine Arbeit als Europaabgeordnete, die EU und das Europaparlament zu erfahren. Das Motto des Weltfrauentages ist #EmbraceEquity. Gleichberechtigung ist nicht nur ein « nice-to-have », sondern ein « must-have ». Mehr zu der Kampagne erfahrt ihr auf der offiziellen #IWD homepage! #feminist #womensrights […]