De 27. Abrëll haten d’Schülerinnen vun der 6P1 d’Geleeënheet, den Escher Theater aus enger ganz anerer Perspektiv kennenzeléieren.
Virum eigentlechen Atelier kruten si en interessanten Abléck an déi verschidde Beruffer, déi zu engem Theaterbetrib gehéieren. De Liichtechniker huet erkläert, wéi d’Bün mat geziilter Beliichtung an Zeen gesat ka ginn, fir verschidde Persounen oder Situatiounen ervirzehiewen an eng bestëmmte Stëmmung ze schafen. Och d’Mëschpult vum Tountechniker huet bei de Schülerinnen e groussen Androck hannerlooss.
Eng fräischaffend Néiesch huet hir Skizzen a Kostümzeechnunge presentéiert an eng Maquett vun engem Theaterstéck gewisen. Doduerch kruten d’Schüler e konkrete Bléck op d’Aarbecht, déi hannert enger Produktioun stécht.
Nieft dem Theatersall, wou d’Publikum seng Plaz fënnt, konnten d’ Schülerinnen och hannert d’Kulisse kucken. Si hunn d’Bün, d’Garderoben an de Kostümfundus besicht an esou Beräicher entdeckt, déi de Visiteuren normalerweis verstoppt bleiwen.
Nodeems si d’Geschicht vu „Romeo and Juliet“ kennegeléiert haten, huet all Schülerin sech eng Figur aus dem Stéck erausgesicht. Am Kostümfundus hu si passend Kleedungsstécker ausgewielt a sech no an no an hir Roll agelieft.
Den Atelier ass mat klengen Zeenen aus der Geschicht ofgeschloss ginn, déi vun de Schülerinnen mat vill Kreativitéit an Engagement nogespillt goufen.
Fir och professionell Schauspiller op der Bün ze erliewen, steet am Juni nach de Besuch vun engem Theaterstéck um Programm. D’ Schülerinne freeë sech schonn op dës nächst kulturell Erfarung.





