Snowli
Chrëschtdagsschocki an der Bibliothéik

Als Ofschloss vum Joer 2022 gouf et an der leschter Schoulwoch viru Chrëschtdag e Chrëschtdagsschocki an der Bibliothéik vun der Ecole privée Marie-Consolatrice. E waarme Schocki, selwergebake Chrëschtdagskichelcher an di passend Musek hu fir eng flott Ambiance gesuergt. Op dëser Plaz wënsche mir iech all schei Feierdeeg.

DSC_9554
De Kleeschen an der EPMC

De Kleeschen huet säi Rendez-vous an der EPMC och dëst Joer net verpasst. Hien hat säi Compagnon , den Houseker, zwar dobäi, mee deen hat zum Gléck näischt ze dinn. Esou konnten d’Schülerinnen all mat Kamellen a soss Schneekereie verwinnt ginn.