Vum 14 op den 15 Abrëll waren mir en Teambuilding an de Mariendall mam SNJ maachen.
Tandem fueren (et war net einfach, me mir hunn net opginn) an Teambuilding-Aktivitéiten dobausse stungen den 1. Dag um Programm.
No enger méi kuerzen Nuecht wéi normal, a mat e bessë Muskelkater vum Tandem sin mir an den 2. Dag gestart.
En Escape Game an 2 Escape Rooms hun alles vun eis ofverlangt.
Mir sinn als Klass zesummegewuess an hun dat eent oder dat anert och besser kennegeléiert.
Et waren zwee flott Deeg, déi eis a gudder Erënnerung bleiwen.









