Den 23. Abrëll huet eis Schoul um Challenge Escalade LASEL 2026 am Lycée Mathias Adam zu Péiteng deelgeholl.
D’Taycha (6G2), d’Aliénor (5G1) an d’Lara (6P2) hu mat vill Begeeschterung un dësem Kloter-Concours deelgeholl. Nieft dem sportleche Challenge konnte si vill nei Erfarungen op der Kloterwand sammelen an hir Fäegkeete weiderentwéckelen.
Déi dräi Schülerinnen hunn eis Schoul mat Engagement a Fairplay vertrueden a kënnen houfreg op hir Leeschtung sinn.
Mir felicitéieren hinnen zu hirem Asaz a soen hinne Merci fir déi flott Representatioun vun eiser Schoul.

