Trash Value Challenge an der 6P1

Am Kader vum Cours „Culture Générale“ beschäftegt sech d’6P1 mam Thema Nohaltegkeet. Fir dëst wichtegt, awer net ëmmer einfacht Thema méi konkret ze erfaassen, hu mir eis mam Liewenszyklus vun eiser Kleedung auserneegesat. D’Schülerinnen hunn ënnersicht, wou hir Kleeder hierkommen, ënnert wéi enge Bedéngungen se produzéiert ginn a wat mat hinne geschitt, wann se net méi gedroe ginn.

Dobäi hu si festgestallt, datt „Fast Fashion“ ee vun de grousse Problemer vun eiser Zäit ass. Nieft der Tatsaach, datt vill Kleedungsstécker nëmme kuerz gedroe ginn an dacks vu méi schwaacher Qualitéit sinn, féiert déi enorm Quantitéit u gebrauchter, futtisser oder net verkaafter Kleedung zu grousse Problemer fir d’Ëmwelt. A verschiddene Regioune vun der Welt wuessen d’Kleederbierger esou staark, datt si zu enger reeller Belaaschtung fir Mënsch an Natur ginn.

Och wann eng eenzel Persoun d’Welt net eleng verännere kann, kann all Mënsch mat klenge Schrëtt zu enger positiver Entwécklung bäidroen. Am Kader vun der „Trash Value Challenge“ huet all Schülerin sech dofir iwwerluecht, wéi aus engem alen oder futtisse Kleedungsstéck eppes Neies an Nëtzleches entstoe kann. Mat vill Kreativitéit an Engagement goufen al Materialien opgewäert an an originell, praktesch Objeten ëmgewandelt.

D’Challenge huet de Schülerinnen net nëmmen d’Problemer vun der „Fast Fashion“ méi bewosst gemaach, mee och gewisen, datt Nohaltegkeet am Alldag mat einfachen Iddien a konkrete Gesten ëmgesat ka ginn.

Ce site Web utilise des cookies. Les cookies statistiques nous aident, par la collecte et la communication d'informations, à comprendre comment les visiteurs interagissent avec notre site Web. Désirez-vous accepter les cookies non anonymes ?