LASEL Badminton Dubbel Championnat

Den 8. Juni war eis Schoul mat 2 Equippen am Badminton Dubbel Championnat an der Kategorie Cadettes non-affiliées vertrueden. Säit dem leschte Joer si vill Fortschrëtter ze gesinn.

D’Mafalda an d’Carolina ginn 8 vun 10 Equippen. D’Sara an d’Yriana verpassen no engem gudde Match knapp d’Finale a kommen zum Schluss op eng honorabel 4. Platz.

BRAVO an en grousse MERCI un déi 4 Meedercher déi eis Schoul op nationalem Niveau vertrueden hunn.