Weekend d’intégration fir d‘Schülerinne vu 7e an der EPMC


De Weekend d’Intégration an der Ecole privée Marie-Consolatrice ass fir d‘Schülerinne vun der 7e um Ufank vum Schouljoer en éischte groussen Highlight. Nodeems d’Schülerinnen hire Klassesall fir d’Nuecht prett gemaach hunn, stäerken se sech mat enger gudder Pizza. Duerno steet „La chasse au trésor“ um Programm, wou se duerch d’Schoul guidéiert ginn a kniwwelech Aufgaben ze léise sinn. Den Owend gëtt duerno mat enger Pyjama-Party ofgeschloss, déi fir vill Spaass suergt. Den nächste Moie geet et op de Gaalgebierg zu Esch, wou am Déierepark nach wieder Aufgaben op d’Schülerinne waarden. Och hei ass den Teamgeescht gefrot, fir d’Erausfuerderungen zesummen ze meeschteren. Ofgeschloss gëtt de Weekend mat engem gemeinsame Mëttegiessen zesumme mat den Elteren, fir de schéinen a gelongene Weekend gemittlech auskléngen ze loossen.

Ce site Web utilise des cookies. Les cookies statistiques nous aident, par la collecte et la communication d'informations, à comprendre comment les visiteurs interagissent avec notre site Web. Désirez-vous accepter les cookies non anonymes ?