Meng Klass, een Team …

👊👊👊

… dat war d’Thema de 14. a 15. November fir d‘5G2 am Mariendall. An der Equipe Brécke bauen, Maueren iwwerwannen, duerch Spannennetzer goen, op enger Wo d’Gläichgewiicht fannen an eng Antenn bauen, dat waren déi éischte Challengen, déi d’Schülerinne gemeeschtert hunn. Wéinst dem méi wéi naasse Wierder ass d’Tandemfueren ausgefall an duerch en aktivt Gesellschaftsspill ersat ginn.

Owes huet d’Klass u sengem Trash-Value-Challenge geschafft an trotz Grujelgeschicht eng gutt Mutz Schlof kritt. Den 2. Dag ass et du weidergaange mat Bouschéissen an Iwwert-sech-Erauswuessen, andeems een en 8 Meter héije Poul eropklëmmt.

Mëttes hunn d’Schülerinne verzweiwelt versicht, aus engem Escaperoom ze entkommen. Nodeems et hinne gelonge war, hu mir d’Valise geholl a si nees zeréck op Esch gefuer. Dës 2 Deeg hunn der 5G2 erlaabt hiren Teamspirit ze stäerken an d’Schülerinne fit fir d’Schouljoer ze maachen.