Handwierkswoch

Wärend der HANDWIERKSWOCH an der EPMC hunn eng Rei vu Beruffsvertrieder am Kader vum Projet Ecole entrepreneuriale de Schülerinnen hire Métier virgestallt: Si sinn op den Ausbildungswee agaangen, hunn déi verschidden Tâchen erkläert an déi néideg Kompetenzen ervirgestrach.

D’Madamm Blanche Lamesch, Chef de Service Promotion et Sensibilisation aux Métiers, stellt an der EPMC de Projet MAKE. SHAPE. CREATE. vir.

D’Madamm Sabrina Guedes, Cheffin am InsitutDESTINATION BEAUTÉ zu Esch, huet wéi schonn d’lescht Joer hiert Handwierk op interessant an interaktiv Manéier erkläert.

D’Madamm Machado vu LUX GLAMOUR presentéiert mat hire Mataarbechterinnen de Beruff vun der Coiffeuse. D’Schülerinne gi vill iwwer d’Aarbecht an iwwer d’Wënsch an d’Virstellunge vun de Cliente gewuer a wéi eng Roll Zäit a Moudentrends spillen. D’Madamm Machado weist de Schülerinnen, wéi villfälteg de Beruff ronderëm d’Thema Hoer an Hoerpfleeg ass.

Den Här Jeff Schuh, Adjutant bei der Lëtzebuerger Arméi, gëtt – ënnerstëtzt vun der Lieutenant A. Girard – en interessanten Abléck an de Beruff vun der Zaldotin, ugefaange vum Rekrutement iwwer d‘Ausbildung an d’Méiglechkeete vun der Carrièrë bei der ARMÉI.

Den Här Nicolas Gaspar, Kach am FOYER STE ELISABETH gëtt en Abléck a säin eegene Beruffswee an erzielt vu senger Aarbecht als Kach am Foyer.

Am Kader vun der Handwierkswoch hate mir d’Chance, den Här Arthur Meyers, Professeur-Ingenieur aus dem Lycée Technique Agricole ze begréissen. Hien ass och Coordinateur fir de Projet „Sustainable Entrepreneurial Schools“ an huet sech gefreet, fir déi verschidde Beruffer an Apprentissagen, déi am Lycée Technique Agricole proposéiert ginn, virzestellen.
Nieft dem Aspekt Beruffsberodung huet hien och d’Wichtegkeet vun der gesonder, nohalteger Alimentatioun mat eise Schülerinnen diskutéiert.

D’Madamm Tamara Mottola, ausgebilt FLEURISTIN, vermëttelt de Schülerinnen hir Léift zu dësem Beruff a léisst si hir Talenter beweisen. Entstane sinn eng Rei wonnerbar Blummen-Arrangementer.

Šejla Softić, Regente op der DAP-Educatioun-Klass an der EPMC, informéiert iwwer dës nei Ausbildung, déi am éischte Joer d‘Schülerinnen op hir Aarbecht mat Kanner a Jugendleche preparéiert. Ein kleiner Einblick in unsere Ausbildung DAP Education. Die Schülerinnen bereiten Spielangebote vor für verschiedenste Altersgruppen vor, die sie in Form von Rollenspielen in der Klasse durchführen.

D’Madamm Mona Biwer an den Här Johannes Schramm, Vertrieder vun der GARAGE LOSCH, schwätzen iwwer d’Beruffer ronderëm den Auto an erklären, wéi Bewerbungsgespréicher oflafen an op wat een am Gespréich muss oppassen.

Den Här Jeff Wagner, Responsable de Service bei MERBAG Esch, weist, wéi villsäiteg Ausbildungen an enger Garage kënne sinn a wéi eng Beruffschancen een huet.

D’Madamm Lisa Nierenhausen, Patronne vun der Fahrschoul LISA, gëtt vill wichteg Informatioune ronderëm de Beruff Fahrlehrer.

D’Madamm Sylvie Bourkel, Educatrice graduée a Chargée de Direction an der MAISON RELAIS A SCHMATTS – Elisabeth, invitéiert d’Schülerinnen duerch d’Erzielung vun hiren Erfarungen un hirer Aarbecht am Foyer deelzehuelen a si erkläert ganz praxisbezunn d’Aufgabe vum Beruff Auxiliaire de vie.

D’Madamm Aida Rastoder gëtt e spannenden Abléck an de Beruff vun enger Aide-soignante, dee si am FOYER STE ELISABETH (C.I.P.A. Elisabeth Senior) mat vill Empathie ausüübt.

D’Madamm Céline Laroche, gëtt de Schülerinne vun der EPMC wéi schonn d’lescht Joer wichteg Informatiounen zur DAP-Formatioun fir den Instructeur Nageur.