En Tour duerch d’Stad mat der 4GPS / 4GSO

Am Laf vum Joer hunn d’Schülerinne vun der Klass 4GPS / 4GSO am Cours Lëtzebuergesch di verschidde Beräicher vu Lëtzebuerg kennegeléiert: Sprooch, Literatur, Tourismus a Geschicht. Zum Schluss vum Joer stoung eng Excursioun an d’Haaptstad um Programm. De Schwéierpunkt vun der Excursioun huet sech ëm d’Festungsgeschicht vu Lëtzebuerg gedréint. D’Schülerinnen hunn sech de Fort Thüngen an d’Iwwerreschter vun der Festungsanlag Obergrünewald méi genee ugekuckt. Op dës Manéier hu si Deeler vun der Stad entdeckt, déi hinne bis elo net oder kaum bekannt waren.