D’Ecole privée Marie-Consolatrice an der Oktav

Et war eng Première fir eis Schoul. D’Ecole privée Marie-Consolatrice hat hir Mass fir sech an der Oktav. Zesumme mam Weibëschof Leo Wagener a mam Diakon Frank Strock hunn d’Schülerinnen d’Mass virum Votivaltor vun der Mutter Gottes gefeiert. D’Mass, déi ënner dem Motto Courage stoung, gouf vun de Schülerinne selwer gestallt a gesongen.