Chrëschtbasar an der EPMC

Chrëschtdag steet virun der Dir. Beim Chrëschtbasar an der Ecole privée Marie-Consolatrice hat een dëst Joer erëm d’Méiglechkeet, ee schéine Moment ze verbréngen. Hei konnt ee sech mat schéine Kaddoe fir seng Léifsten andecken. D’Offer war dëst Joer erëm grouss an d’Schülerinnen hate vill flott Saache gebastelt.

Groussen Uklang gouf et natierlech och bei der Tombola, wou et schéi Präisser ze gewanne gouf.

Nom Rondgang laanscht déi schéi gerëschte Stänn konnt ee sech vun der Kiche mat gudde Schneekegkeete verwinne loossen.

De Kleeschen hat sech natierlech och Rendezvous an der EPMC ginn, fir d’Kanner an d’Schülerinnen ze begréissen.

E grousse Merci un all Schülerinnen an Enseignanten, déi zum Erfolleg vum Chrëschtbasar bäigedroen hunn.

De Bruttoerléis bedréit dëst Joer

Mam Erléis ënnerstëtze mir dëst Joer 2 Organisatiounen :

• RECHERCHES SCIENTIFIQUES LUXEMBOURG ASBL – Organisme de recherche pour la prévention et la guérison du cancer.

• PHARMACIENS SANS FRONTIERES LUXEMBOURG ASBL – Organisation qui mène des actions de développement durable dans les domaines de la santé dans le monde.