6P1 an 6P2 op Visite am Science Center zu Déifferdeng

De leschten November hunn d’6P-Klassen sech mueres um 8 Auer mam Zuch op de Wee op Déifferdeng gemaach. No engem kuerze Foussmarsch an de Science Center hu si sech fir d’éischt d’Ausstellung ugekuckt a villes selwer ausprobéiert.

Duerno konnten d’Schülerinnen an 2 Beruffer eraschnupperen. Am Atelier « Restauratioun” hu si vun engem Professionellen aus dem Secteur gewise kritt, wat fir Schrëtt wichteg si bis zum finale Produit.

Am Atelier “Mécanique” kruten si fir d’éischt mol vun e puer Professionellen aus dem Secteur erkläert wat de Motor vun engem Auto ass a wat dëse brauch fir ze funktionéieren. Dono hu si selwer ee klengen elektreschen Auto zesummegebastelt. Et ass och ausprobéiert ginn, ob den Auto fuere kann. Interessant waren och d’Informatiounen zu den neisten Technologien am Auto, wéi zum Beispill dem autonomen Aparken.