5AD an de Beruff Schwammmeeschterin

No der 5AD ass eng wichteg Etapp am Liewen vun de Schülerinnen ugesot: Si mussen sech fir ee Beruff entscheeden. Eng Méiglechkeet fir déi Entscheedung méi einfach ze maachen si Visitte bei Betriber. Aus deem Ulass war d’5AD zu Esch an d’Schwemm fir de Beruff Schwammmeeschterin méi no bruecht ze kréien. Déi Verantwortlech haten e ganze Mueren fir déi Visitt virgesinn an e richteg flotte Programm op d’Bee gesat. D’Klass gouf an dräi Gruppen opgedeelt an op déi Aart a Weis hunn d’Schülerinnen déi verschidde Beräicher vun der Schwemm kenne geléiert: d’Piscinnen, d’Saunawelt an de Maschinneraum. D’Schülerinnen hunn duerch dës Visitt e konkret Bild vum Beruff Schwammmeeschterin kritt. Et ass hinne bewosst ginn, datt mat dësem Beruff vill Aufgabe verbonne sinn. Et geet also net nëmmen drëms opzepassen, datt keen ënner geet. Schwammcoursen ginn, Kontroll vun der Waasserqualitéit an de Maschinnen an Éischt Hëllef sinn aner wichteg Aufgaben vun enger Schwammmeeschterin.

D’Visitt gouf ofgeschloss mat engem Cours Aquagym an enger Aféierung an Éischt Hëllef.