Kierzlech waren d’Klasse 4GPS a 4GSO am MUDAM. Am Kader vum Fach Lëtzebuergesch gëtt och iwwer d’Muséeën zu Lëtzebuerg geschwat. D‘Schülerinnen haten de MUDAM fir eng Visitt ausgewielt. No e puer allgemengen Informatiounen iwwer d’Gebai vum MUDAM, stoung dunn déi aktuell Ausstellung „After Laughter Comes Tears“ am Mëttelpunkt. Dës Ausstellung mat Wierker vu 34 Kënschtler ass keng Ausstellung am klassesche Sënn, mee éischter eng Form vu Performance. D’Schülerinnen hunn dobäi en Abléck a modern Konscht kritt a gemierkt, datt de Visiteur sech mat villen Themen ausenanersetze muss an och méi aktiv gefuerdert gëtt.
No der Visitt vun der Ausstellung stoung en Atelier um Programm. Hei waren d’Schülerinnen als Kënschtlerinne gefuerdert. Equipéiert mat engem I-Pad hu si Motiver am Musée selwer eraus gesicht a mat Hëllef vun enger App kleng Tableauen zesumme gesat. Mat flotten Andréck sinn d’Schülerinnen erëm zeréck an d’Schoul gefuer.