PROJET SELF DEFENSE 1TPCM

Am Kader vun der 1TPCM muss e Projet realiséiert ginn. Mir hunn eis fir de Sujet vun der Self Defense entscheet, nodeems mir vill Proposen duerchdiskutéiert an op hir Machbarkeet gepréift hunn.

Den Numm vun eisem Projet ass “Defend-yourself”. Mir hunn eis fir deen Numm entscheet, well een direkt erkennt, ëm wat et geet.

Gewalt ass leider ëmmer méi present an eiser Gesellschaft an dofir ware mir der Meenung, mir sollen dat am Kader vun eisem Projet analyséieren.

De Logo hu mir selwer erstallt an och esou gemaach, datt ee gesäit, datt mir vu Gewalt schwätzen. Eise Slogan ass “safety-first”, well dat eise Projet representéiert.

Dëst Thema hu mir geholl, well mir fannen, datt et hautzedaags wichteg ass, sech als Frae kënne richteg ze wieren.

Mir hunn eis dofir interesséiert, wéi vill Leit zu Lëtzebuerg wéinst Gewalt um Geriicht jugéiert gi sinn. Hei gesitt dir eng Statistik vun de Joren 2000 bis 2021 a wéi vill Fäll do virum Geriicht waren. Hei gesitt dir dat an absolutten Zuelen.

Well mir awer wësse wollten, ob mir och eng Zounam vun de Fäll vu Gewalt a Prozenter par Rapport vun der Bevëlkerung hunn, hu mir dës Grafik erstallt.

Mir stellen mat Schrecke fest, datt déi Fäll um Geriicht sech a Prozenter an 20 Joer verduebelt hunn.

Eise Projet ass mat Hëllef vun der Police, dem Central Boxing Club, eiser Klass an eise Matschüler erméiglecht ginn.

Mat Hëllef vun offiziellen Zuelen (Statec) iwwer dat Thema, kënne mir verschidde Forme vu Gewalt ënnerscheeden: psychologesch Gewalt, physesch Gewalt a sexuell Gewalt. Ekonomesch an haislech Gewalt si weider Formen, déi ee ka gesinn.

Mir hunn du versicht erauszefannen, wéi d’Situatioun zu Lëtzebuerg bei de Frae fir déi dräi éischt genannte Forme vu Gewalt ass.

Mir hunn festgestallt, datt an 12 Méint vun 10.549 Fraen, déi physesch Gewalt erlieft hunn, 8.490 keng Hëllef geholl hunn. Och bei den aneren zwou Forme vu Gewalt melle sech vill Fraen net. (Etude vum Statec 2019/2020).

Grafik mat den Haaptgrënn fir sech keng Hëllef ze huelen:

Mir hunn en anonymme Questionnaire un d’ Klasse 4e bis 2e geschéckt an hunn domat Statistike vun der Situatioun an eiser Schoul gemaach. Op de Questionnaire hunn 57 Schülerinne vun 110 geäntwert.

Elo zu de Resultater vum Questionnaire.

Op d’ Fro “Waart dir schonns eng Kéier Victime vu Gewalt?”, hunn 40% vun de Schülerinne mat Jo geäntwert.

Bei de Forme vu Gewalt ass déi psychologesch Gewalt dominant virun der physescher a sexueller Gewalt.

Et ass net verwonnerlech, datt bei de Schülerinnen di meescht Gewalt an der Schoul stattfënnt. Duerno kommen d’”Réseaux sociaux” an d’“Lieux publics”. Also och Plazen, wou jonk Mënschen sech erëm dreiwen.

Erschreckt huet eis, datt di meescht Gewalt ouni extra Grond geschitt ass, direkt duerno kënnt d’Form vun Harcèlement.

Du wollte mir wëssen, ob d’Schülerinnen sech de Konsequenze vu Gewalt fir d’Affer bewosst wieren. D’Äntwert ass eendeiteg: Jo. Di 5 Haaptkonsequenzen, déi genannt goufen, si posttraumatesche Stress, Depressioun, Angschtzoustänn, Verloscht vu Selbstwäertgefill an Isolatioun.

Op d’Fro, ob si schonns Zeie vu Gewalt waren, an ob si der Persoun du gehollef hunn, hunn 54 % vun den Schülerinne gesot, schonns Gewalt gesinn ze hunn.

Dovunner huet d’Hallschent der Victime net gehollef.

Mir hunn eis du gefrot, firwat se net gehollef hunn.

Als Conclusioun hunn mir festgehalen, datt d’Gewalt oft onsiichtbar bleift.

Et feelt un Informatiounen. Dat heescht, d‘Leit woussten oft net, wiem a wou si uruffe sollen.

Ausserdeem ass een net op “Self Defense” virbereet.

Dofir hate mir decidéiert fir de Schülerinnen en Evenement vun 2 Stonnen ze organiséieren, dat aus 3 Deeler bestanen huet.

No der Presentatioun vum Sujet an de statisteschen Donnéeën, huet den Här Girsch vun der Police Grand-Ducale Informatiounen zu folgende Sujete ginn: Präventioun an Deseskalatioun. Du gouf et e bësse Self-Defense-Praxis mat dem Central Boxing Club aus der Stad.

Um Enn vun der Seance hu mir Flyeren, op deenen Adressen an Informatioune vu verschiddenen Hëllefsorganisatiounen drop stinn, ausgedeelt.

36 Schülerinnen waren dorun interesséiert, sech an de “Self-Defense-Coursen” vun der Police anzeschreiwen.

Als Conclusioun hale mir fest, datt mir all eppes iwwer Selbstverdeedegung an iwwer déi aktuell Situatioun vun Gewaltfäll zu Lëtzebuerg geléiert hunn. Mir kënne mat Iwwerzeegung behaapten, datt mir elo allgemeng manner Angscht hunn an d‘Wëssen hunn, fir eis besser ze verdeedegen.

Natierlech hate mir vill Hëllef vun eise Proffen, den Häre Lepage a Grommes, déi eis duerch de ganze Wee begleet hunn. Mir, d ‘Klass 1TPCM, si stolz iwwer d‘Zefriddenheet vun eisen Invitéeën, dat heescht de Klassen, déi matgemaach hunn, dem Central Boxing Club, dem Här Girsch, de Proffen an der Direktioun.

Mir hoffen mat dësem Projet, d ‘Liewe vun eise Matschülerinnen a villäicht esouguer vun eise Proffen méi sécher gemaach ze hunn. Mat Hëllef vun de motivéierte Schülerinne ginn d’nächst Schouljoer “Self-Defense-Coursen” vun der Police no der Schoul organiséiert.

Am Numm vun der Klass 1TPCM, soe mir ee grousse Merci fir all Leit, déi eis ënnerstëtzt hunn: de Central Boxing Club, der Police, den Informatiker an de Conciergen.

Meryem, Uanda, Elisa, Mélissa, Daniela, Tessy, Tajana, Tatiana P., Sarah, Tatiana F., Bruna, Erika