Adventsmaart an der EPMC

Den Adventsmaart vun der Ecole privée Marie-Consolatrice zu Esch huet dëst Joer erëm vill Succès kannt. An de leschte Wochen hunn d’Schülerinnen an d’Proffe fläisseg fir déi eenzel flott Stänn gebastelt a gebak.

Wien e Kaddo fir seng Léifste fir Chrëschtdag gesicht huet, ass voll op seng Käschte komm. Besonnesch gesicht waren natierlech d’Adventskränz an aner Dekoratiounsobjeten. Fir de Kleesche war et eng Selbstverständlechkeet seng Presenz um Adventsmaart ze maachen. Zesumme mat sengen Engelcher huet hien e Stralen op d’Kannergesiichter gezaubert.

An dësem Sënn wënsche mir iech all schéi Feierdeeg.