Inauguration de la salle Marcel Diederich

🇱🇺EPMC – École Privée Marie Consolatrice huet hire fréieren Direkter, den Här Marcel Diederich, geéiert an e Sall vun der Schoul no him benannt. Vill Gäscht hunn un dëser feierlecher Zeremonie an der EPMC deelgeholl, wat weist wat fir ee groussen Impakt den Här Diederich op déi lokal Communautéit hat 👏

Den Här Diederich huet bal 30 Joer vu sengem Liewen der EPMC gewidmet, dovunner 7 als Direkter 💪 Wéinst senger Leidenschaft fir d’Educatioun huet hie sech ëmmer beméit, senge Studenten dat beschte Léierëmfeld ze bidden, onofhängeg vun hirer sozialer Klass oder hirem intellektuellen Niveau. Säin Engagement, seng frëndlech Perséinlechkeet a seng „majestéitesch“ Haltung hunn en onvergiesslechen Androck op jiddereen hannerlooss deen him begéint ass 😊

D’Salle polyvalente Marcel Diederich, déi him zu Éiere benannt gouf, wäert eng konstant Erënnerung u säin Engagement fir d’Educatioun sinn a wäert säi Vermiechtnes déi nächst Generatioune weiderféieren 💓

🇫🇷 L’École Privée Marie-Consolatrice a rendu hommage à son ancien directeur, M. Marcel Diederich, en inaugurant une salle à son nom. La cérémonie a réuni plusieurs invités, témoignant de l’impact que M. Diederich a eu sur la communauté locale 👏

M. Diederich a dédié près de 30 ans de sa vie à l’EPMC, dont 7 en tant que directeur 💪 Passionné par l’éducation, il a toujours cherché à offrir le meilleur environnement d’apprentissage à ses élèves, quelle que soit leur classe sociale ou leur niveau intellectuel. Son dévouement et sa personnalité aimable, ainsi que son air « majestueux » ont laissé une impression inoubliable sur tous ceux qui l’ont rencontré 😊

La salle polyvalente Marcel Diederich, inaugurée en son honneur, sera un rappel constant de son dévouement envers l’éducation et perpétuera son héritage pour les générations à venir 💓