Projet Trash Value: Vernissage vun der Ausstellung an Défilé

De Freideg, de 24. Abrëll, hunn d’Schülerinne vun der Voie de Préparation eng Ausstellung mat hiren am Kader vum Projet „Trash Value“ selwer hiergestallten Objeten organiséiert. Schülerinnen aus de Klasse 7e, 6e a 5e hunn zesummegeschafft, fir eng gelongen Ausstellung an en attraktiven Défilé op d’Been ze stellen.

D’Virbereedunge ware villfälteg: Et gouf e Plakat fir de Vernissage entworf, Invitatioune goufen ausgeschafft a verschéckt, de Catering gouf organiséiert an d’Walziedelen esou wéi d’Walurn fir d’Ofstëmmung virbereet. Parallel dozou hunn d’Schülerinnen den Défilé geplangt, de Catwalk ageriicht, d’Musek ausgewielt an d’Modeller op hiren Optrëtt virbereet.

Um Dag vum Vernissage huet all Klass hire Stand opgebaut an hir Kreatiounen op eng attraktiv Manéier presentéiert. D’Schülerinnen hunn de Visiteuren hire Projet erkläert, hir Aarbecht virgestallt a mat Interessi de Feedback vum Publikum entgéintgeholl.

Ee vun den Héichpunkte vum Nomëtteg war den Defilé, bei deem verschidde Schülerinnen hir „nei“ Kleedungsstécker presentéiert hunn. Dobäi gouf op impressionant Aart a Weis gewisen, wéi aus ale Kleeder a gebrauchte Materialien duerch Kreativitéit, Geschéck an Engagement eenzegaarteg a flott nei Stécker entstoe kënnen.

De Vernissage war e grousse Succès an d’Schülerinne konnten houfreg op dat sinn, wat si am Laf vum Projet erreecht haten. En Deel vun de Kreatiounen an der Dokumentatioun vum Projet ass dono nach fir e puer Wochen ausgestallt bliwwen, sou datt nach vill weider Visiteuren d’Aarbecht vun de Schülerinnen entdecke konnten.

Ce site Web utilise des cookies. Les cookies statistiques nous aident, par la collecte et la communication d'informations, à comprendre comment les visiteurs interagissent avec notre site Web. Désirez-vous accepter les cookies non anonymes ?