Entrepreneurial School Day 2022

Mir freeën eis, iech matzedeelen, dass mir op der Remise des Prix vu Sustainable Entrepreneurship School 2021/22 folgende Präis vum Minister Meisch iwwerreecht kruten:
  *   Certificat Label N2 Niveau Entrepreneurial Progression

Eisen Objektiv fir vum Label N1 (dee mer d’lescht Joer kritt hunn) an de Label N2 ze klammen, hunn mer domat erreecht ! Et hunn iwweregens 18 Lycéeën en Dossier era gereecht an et si just 5 Schoulen, déi den héchste Label N3 erreecht hunn. Mir kënnen also richteg stolz op dës Leeschtung sinn!!

E grousse Merci un all eis Enseignanten an un eis Schülerinnen fir den Engagement an d’ Matmaachen un den Aktivitéiten vun der Ecole Entrepreneuriale.

Et ass flott ze gesinn, wéi déi ganz Schoulgemeinschaft hannert dem Konzept steet a wéi mir eis Schülerinnen fit maachen fir d’ Aarbechtswelt duerch eng ganz Rei vun Aktivitéiten an den Domaine vum Entreprenariat, der Nohaltegkeet, de Finanze souwéi an der schoulescher a berufflecher Orientatioun.

An der heiteger Zäit an der Entwécklung vum Aarbechtsmaart ass et ëmsou méi wichteg, dass mer eise Schülerinnen aktiv hëllefen déi 4K-Kompetenzen, Kär-Kompetenzen vum 21. Joerhonnert, ze entwéckelen : Kommunikatioun, Kollaboratioun, Kreativitéit a Kritescht Denken.

Deeselwechten Dag hun och e puer Schülerinne vun eiser 1GCG beim Hackathon matgemaach an hir Resultater virgestallt. E grousse Merci un d’Lena Loeb, d’Angie Mahjoubi, d’Marcia Marques, d’Bruna Pinto an d’Luana Sanches.