De Beruff “Educatrice graduée”
Kierzlech war d’Madamm Nathalie Teixeira an der EPMC an huet de Schülerinne vun de Klasse 4GPS a 4GSO de Beruff Educatrice virgestallt. Si huet fir d’éischt op di verschidden Ausbildungsméiglechkeeten higewisen. Duerno huet si erklärt, a wéi enger Beräicher ee mat dëser Ausbildung schaffe kann. Duerno huet si de Schülerinne konkret Beispiller aus dem Alldag vun enger Educatrice ginn. Et ass wierklech interessant, wéi villsäiteg dëse Beruff ass. Vun dëser Plaz aus nach e grousse Merci fir dee flotte Virtrag.

