Schoki an der Bibliothéik
Am Kader vum Advent huet d‘Bibliothéik eng passend Aktioun gemaach an d’Schülerinnen hunn all Woch eng Geschicht geschéckt kritt. Fir den Dag vum hellegen Niklos besonnesch ze feieren, gouf et an der Bibliothéik Schoki a Kuch.
2gether day an der EPMC
Den 2gether day ass mëttlerweil e feste Bestanddeel am Kalenner vun der Ecole privée Marie-Consolatrice. Et ass e Projetdag, wou d’Klassen sech all mat verschidden Themen ausenaner setzen. Bei de Schülerinne vu 7e steet d’Kenneléieren an de Gemeinschaftsgeescht am Vierdergrond. Hei léiere si, datt si zesumme staark sinn. Bei den anere Klasse gi verschidden Themen […]
7e Weekend d’intégration 2023
Discover school Eng nei Schoul ass fir d’Schülerinnen ëmmer eng Erausfuerderung. Fir den Iwwergang méi liicht ze maachen, gëtt all Joer an der Ecole privée Marie-Consolatrice fir d’Schülerinne vu 7e e Weekend d’intégration organiséiert. Wärend zwee Deeg kënnen d’Schülerinnen hir Schoul, hir nei Komerodinnen a Proffe mol richteg kenne léieren a vill Spaass hunn. Am […]







