7e Weekend d’intégration 2023

Discover school

Eng nei Schoul ass fir d’Schülerinnen ëmmer eng Erausfuerderung. Fir den Iwwergang méi liicht ze maachen, gëtt all Joer an der Ecole privée Marie-Consolatrice fir d’Schülerinne vu 7e e Weekend d’intégration organiséiert. Wärend zwee Deeg kënnen d’Schülerinnen hir Schoul, hir nei Komerodinnen a Proffe mol richteg kenne léieren a vill Spaass hunn.

Am Nomëtteg gi fir d’éischt d’Klasseräim als Schlofsäll ëmgebaut. Matrasse ginn opgeblosen an et gëtt alles esou richteg gemittlech gemaach.

An den nächste Stonne steet dann “La Chasse au trésor” um Programm. Hei geet et drëms e Goldschatz an der Schoul ze fannen. Mee dat ass net esou einfach. De Wee féiert duerch déi ganz Schoul an iwwerall si méi einfach a méi schwéier Aufgaben ze meeschteren.

D’Sich nom Goldschatz mécht hongereg an d’Schülerinne freeë sech op d’Pizzaschluecht am Restaurant scolaire.

Mee dee schéinsten Deel vum Owend war natierlech déi nei Pyjamasparty. Zesumme mat hire Patinnen – dat si méi eeler Schülerinnen – feieren d’Schülerinne vu 7e an den Owend eran a genéissen d’Mocktailen, déi d’Patinnen fir si kreéiert hunn.

Mee um 22.00 Auer ass de Moment komm fir an d’Zëmmeren ze goen. Hei war nach e bëssen Zäit fir ze schnëssen.

Vill Zäit fir ze schlofen ass net bliwwen, well um siwen Auer huet de Wecker gerabbelt an um aacht Auer war de Kaffi. Um Samschdeg goung et dunn zu Fouss op de Gaalgebierg. Hei stoung eng méi naturwëssenschaftlech Rallye um Programm. D’Schülerinnen hunn op dës Manéier d’Déierewelt vum Gaalgebierg an och e Stéck vun Esch kenne geléiert.

Ofgeschloss gouf de Weekend an der Schoul mat engem Mëttegiessen. Och d’Elteren an hir Famillje waren agelueden an et hat ee vill vun deem flotte Weekend z’erzielen.