2gether day an der EPMC

Den 2gether day ass mëttlerweil e feste Bestanddeel am Kalenner vun der Ecole privée Marie-Consolatrice. Et ass e Projetdag, wou d’Klassen sech all mat verschidden Themen ausenaner setzen. Bei de Schülerinne vu 7e steet d’Kenneléieren an de Gemeinschaftsgeescht am Vierdergrond. Hei léiere si, datt si zesumme staark sinn.

Bei den anere Klasse gi verschidden Themen ugeschwat. Bei de Klasse vu 5e steet zum Beispill dat interkulturellt Zesummeliewen am Mëttelpunkt. D’Schülerinne komme jo hautdesdaags aus ënnerschiddleche Länner. Et ass wichteg, datt si déi verschidde Kulturen aus den eenzele Länner kenneléieren an de géigesäitege Respekt mat op de Wee kréien.

Bei anere Klassestufen gëtt d’Bewosstsi fir hiren Alldag geschäerft. Si léieren, wéi si hire schouleschen Alldag besser meeschtere kënnen a mat den Ufuerderungen eens ginn.

Integratioun ass och e wichtegt Thema, dat d’Schülerinne spilleresch duerch verschidden Atelieren erliewen.

Och de sozialen Engagement ass an der EPMC e wichtege Facteur. D’Schülerinne léieren, wéi een de sozialen Engagement am Alldag ëmsetze kann.

D’Thema “Positiv kommunizéieren” ass bei enger anerer Klassestuf e wichtegt Element. Mat Theorie a praktesche Beispiller léieren d’Schülerinnen, datt eng gutt Kommunikatioun wichteg fir e gutt Mateneen ass.

Verschidde Klassen hu sech dëst Joer mam Thema Broschtkriibs ausenee gesat a sech doriwwer informéiert. Si hu verschidden Aktioune geplangt, mat deene si och déi aner Schülerinnen op dat Thema opmierksam maache wëllen.