D’Madamm Keller vun der Organisatioun Blëtz op Visitt an der EPMC

Kierzlech haten d’Schülerinnen aus de Klassen 3GPS an 3GSO aus der Ecole privée Marie-Consolatrice vun Esch-Uelzecht d’Madamm Keller vun der Organisatioun Blëtz an hir Klass agelueden. Dës Organisatioun ënnerstëtzt Leit, déi en Hiereschlag erlidden hunn, an hir Familljen. Als betraffe Persoun a mam Background vun enger Infirmière konnt d’Madamm Keller de Schülerinne vill Informatiounen iwwer dës Krankheet ginn.

Iwwerraschend war fir d’Schülerinnen, wéi vill Leit all Dag, all Joer vun esou engem Virfall betraff sinn. Si krute mat, wéi wichteg et ass, an esou enger Situatioun séier ze reagéieren. Net schlecht gestaunt hunn d’Schülerinnen, wéi si gewuer gi sinn, datt de Wee zeréck an den normalen Alldag fir di Betraffe bis zu zéng Joer dauere kann. D’Famill brauch an dëser Zäit och vill Ënnerstëtzung.

Fir d’Schülerinne war et awer och wichteg vermëttelt ze kréien, wéi vill Beruffer mat dëser Organisatioun zesumme schaffen oder fest ugestallt sinn. Op dës Manéier kruten d’Schülerinnen en Iwwerbléck iwwer déi verschidde Beruffer, déi am Gesondheetsberäich schaffen.

Der Madamm Keller soe mir op dëser Plaz nach eng Kéier e grousse Merci fir hiren Engagement.