Associatioun Trauerwee

Den 08. Juni 2023 hunn d’Klassen 3GSO an 3GPS d’Associatioun Trauerwee virgestallt kritt. D’Organisatioun an d’Visitt hunn d’Schülerinne selwer ausgesicht an organiséiert.

Den Trauerwee, setzt sech dofir an, Kanner a Jugendlecher ze hëllefen, déi eng nostoend Persoun verluer hunn. D’ Asbl setzt sech och dofir an, dass Kanner a Jugendlecher eng sécher Plaz hunn, wou se hir Trauer ausliewe kënnen an dat och mat anere Kanner a Jugendlecher, déi eppes Änleches wéi si erlieft hunn.

D’Schülerinnen hunn et wichteg fonnt, dass déi Asbl kënnt, well den Thema vun der Trauer meeschtens en Tabu-Thema an eiser Gesellschaft ass an et betrëfft eis alleguer fréier oder spéider.