D’ Schülerinne vun der 5G2 hunn 2 flott Deeg am Mariendall verbruet.
Duerch verschidden Aktivitéiten hu mir eisen Teamgeescht an d’ Stëmmung an der Klass verbessert.
Mir sinn a méi enken Kontakt mat eisen Matschüler komm an hu geléiert een dem aneren ze hëllefen an nozelauschteren.
Mir haten Teambuilding-Aktivitéiten, Tandem fueren, Bouschéissen an eng Top-Rope Aufgab als Duo am Héichseelgaart. Jiddereen ass iwwert sech erausgewuess an huet sech a seng Matschüler besser kenne geléiert.














