Manga-Mania an der EPMC

D’Mangaka Sabrina Kaufmann war an der Woch vum Buch an der Ecole privée Marie-Consolatrice fir e Manga-Atelier.

D‘Kënschtlerin huet fir d’éischt kuerz erkläert, wéi a Japan ee Manga entsteet.

E Mangaka preparéiert en Dossier mat enger Geschicht. Hie geet da bei en Editeur. De Mangaka ass a Japan en Employé vum Editeur. Oft trieden d’Mangaka als Duo op: e Schrëftsteller an en Zeechner.

Et gëtt net direkt e ganzt Buch gedréckt, mee fir d’éischt gëtt all Woch ee Kapitel an engem Magazine als Fortsetzungsgeschicht veröffentlecht. Kritt eng Geschicht vill Vote vun de Lieser, gëtt d’Geschicht als Buch opgeluecht.

An Europa kafen d’Editeuren d’Rechter a Japan of.

Vill verdéngt e Mangaka fir seng Aarbecht net. Hie kritt 70 € pro Säit. Wann ee weess, datt e Mangaka 8 Stonne brauch fir eng Säit ze molen, da mierkt ee séier, datt dat net vill ass.

D’Madamm Kaufmann huet de Schülerinnen och d’Aarbechtsschrëtt um Wee fir e Buch erkläert. Dräi Etappe sinn hei noutwendeg: Brouillon, Sketchen, Inken.

No dëse Basisinformatioune stoung di praktesch Aarbecht am Mëttelpunkt. Am Laf vun engem Atelier hunn d’Schülerinnen hire Manga-Personnage kreéiert. Si hu gemierkt, datt vill Aspekter berücksichtegt musse ginn, fir e Personnage ze gestalten.

Mat hirer sympathescher Aart a Weis konnt d’Madamm Kaufmann d’Schülerinne fir d’Welt vun de Mangae begeeschteren.