3GPS / 3GSO op Visitt am Theater Esch

Kuerz virun der Schoulvakanz haten d’Klassen 3GPS an 3GSO d’Méiglechkeet den Theater zu Esch besichen. Zesumme mat der Theaterpädagogin Anja Hoscheit hunn d’Schülerinnen d’Welt vum Theater emol vun enger anerer Säit kenne geléiert. Si hu gemierkt, datt do och ganz vill Technik mat am Spill ass an datt niewent de Schauspiller ganz vill Leit am Hannergrond schaffen. Ouni si geet näischt.

D’Schülerinne ware frou, den Theater vun Esch mol kenne geléiert ze hunn a si kucken sech den neie Programm mol méi genau un.

An Zukunft soll d’Zesummenaarbecht mam Escher Theater méi verdéift ginn.