Net reell? Fantastesch Geschichten

D‘ Expositioun „Net reell? Fantastesch Geschichten“ am Kader vum Dag vum Buch a vun den Autorenrechter, den 23. Abrëll, ass haut mam Besuch vun den éischte Klassen ageweit ginn. 32 Affichen huelen di jonk Lieserinne mat duerch 11 Länner an duerch 7 Joerhonnerten. Di literaresch Rees weist engersäits Auteuren an Autorinnen, déi et fäerdeg bruecht hunn Geschichten z’erzielen an deenen si hirer Zäit wäit viraus waren. Si hunn eng Welt kreéiert, déi zu hirer Zäit futuristesch war. E puer vun hiren Iddie sinn awer an Tëschenzäit fest an eisem deegleche Liewe verankert. An anerersäits weist dës Ausstellung och, wéi flott et ass, seng Fantasie spillen ze loossen a Welten a Personnagen z’erschafen, déi de Lieser mat op eng fantastesch Rees huelen.
Zu dëser Ausstellung gëtt et ee Quiz, bei deem et och flott Präisser ze gewanne gëtt.

Ce site Web utilise des cookies. Les cookies statistiques nous aident, par la collecte et la communication d'informations, à comprendre comment les visiteurs interagissent avec notre site Web. Désirez-vous accepter les cookies non anonymes ?