Festlech Magie am Chrëschtmaart


De Chrëschtmaart an der Ecole privée Marie-Consolatrice war erëm e grousse Succès!
🎄
D’Schülerinnen hunn hir Turnhal a festlecher Stëmmung erstrale gelooss, mat engem grousse Choix un handgemaachten Adventskränz, Käerzen, Kichelcher an Tounfigurinnen. D’Visiteure konnten och selwer kreativ ginn an hiren eegenen Adventskranz dekoréieren.
🎁
Zwou flott Tombolaen a musikalesch Ënnerstëtzung vun den EPMC-Singers hunn de Moment perfekt gemaach. Den Erléis geet wéi ëmmer un e gudden Zweck – Merci un all d’Bedeelegt!

Ce site Web utilise des cookies. Les cookies statistiques nous aident, par la collecte et la communication d'informations, à comprendre comment les visiteurs interagissent avec notre site Web. Désirez-vous accepter les cookies non anonymes ?