De Kleeschen an der EPMC

De Kleeschen huet säi Rendez-vous an der EPMC och dëst Joer net verpasst. Hien hat säi Compagnon , den Houseker, zwar dobäi, mee deen hat zum Gléck näischt ze dinn. Esou konnten d’Schülerinnen all mat Kamellen a soss Schneekereie verwinnt ginn.