De 6. Dezember ass de Kleeschen erëm op senger traditioneller Ronn duerch d’Land ënnerwee. Hien huet och dëst Joer d’Schülerinne vun der Ecole privée Marie-Consolatrice zu Esch net vergiess. Den Housécker war wéi gewinnt mat vun der Partie, och wann et éischter aus Gewunnecht war. D’Engele vun de Premières-Klassen hunn de Kleeschen an den Housécker häerzlech empfaangen a si mat hinnen duerch d’Klasse gezunn. Fir all Klass hat de Kleeschen e léift Wuert parat an natierlech och e puer Séissegkeeten.





