Chrëschtmaart an der EPMC

De Chrëschtmaart an der EPMC um éischten Advent ass eng Traditioun. D’Schülerinnen an d’Proffen haten sech och dëst Joer vill Méi ginn, fir e sëlleg Stänn opzebauen. Wochelaang sinn d’Preparative gelaf an et ass fläisseg gebastelt ginn.

D’Visiteure konnte sech mat flotten Dekoratiounsobjeten a Kaddoe fir Chrëschtdag andecken. Glühwäin a Stänn mat Schneekereien hunn natierlech och net gefeelt. Grousse Succès hate wéi gewinnt d’Adventskränz an d’Chrëschtkichelcher. De Kleeschen a seng Engelcher sinn och op Besuch komm an hu Kleng a Grouss vill Freed bereet.

Mam Erléis wäerten dës zwou Organisatiounen ënnerstëtzt ginn: Stroossenenglen a SOS Villages d’enfants monde.

Zum Schluss e grousse Merci un all Schülerinnen a Proffen, déi matgemaach hunn an un all Visiteuren, déi mat hirer Präsens fir de Succès vum Chrëschtmaart 2021 bäigedroen hunn.