Trash value challenge 5eP

 

 

D’Schüler hu geléiert wou eis Kleder hirkommen an a wéi enge Konditiounen se hirgestellt ginn. Si wëssen elo wat “Fairtrade” bedeit a welch Produit’en et gëtt.

An deem Kader hu mir och eng Wäschlëngt tëschend de Klassesäll gespaant an Kleder dropgehaangen. All Kleder haten eng Etikett fir ze wëssen wou si hirkommen.

 

Am Unterrecht ass d’Trash Value Challenge gemaach ginn an d’Schüler hunn de Begrëff “Nohaltegkeet” kennegeléiert. Op seng Saachen oppassen, net esou vill Neies kafen, eppes wat futti ass reparéieren; alles dat ass Nohaltegkeet. Besonnesch schokéiert waren d’Schüler vum Plastikproblem an de Mierer.

Duerfir hunn déi 2 Klassen och den 2. Abrëll eng Botzaktioun um Schoulsite duerchgefouert. Mat vill Energie hu si den Offall opgesammelt an esou verhënnert, datt Plastik, respektiv Mikroplastik d’Natur verschmotzt.

   

Als Ofschloss hunn d’Schüler aus der 5P1 sech nach iwwerluecht, wat een mat alen, futissen an ze klenge oder ze waite Kleder maache kann. Et kann een se verschenken oder spenden. D’Schüler wollten hire Kleder awer en neit Liewe ginn an hu dorausser eppes Neies gemaach. Esou huet “trash” eng nei “value” kritt.