Mme Cattazzo, Chefin vum Salon HAIRDRESS BY TESS zu Schifflingen, beschreift den Schülerinnen vun der EPMC hiren Schoul- an Ausbildungswee bis zur Meeschterprüfung, awer och wat de Beruff am Alldag mat sech bréngt.
Kreativitéit a Kontaktbereetschaft stellt sie als wichteg Kompetenzen duer a sie léisst Schülerinnen selwer verschidden Handgrëffer probéieren. So hunn d’ Schülerinnen praktesch HANDWERKLECH Erfahrungen am Projet Ecole entrepreneuriale gemaach.
Begleet gouf d’ Mme Cattazzo vun hirem Mann. Hien huet den Meedercher erkläert wéi een sech an der Aarbechtswelt muss behuelen an op wat Wäert geluet gëtt.
