Handwierkswoch: DESTINATION BEAUTÉ

Mme Sabrina Guedes, Esthéticienne a Chefin am Insitut DESTINATION BEAUTÉ zu Esch, huet an der EPMC am Kader vum Projet Ecole entrepreneuriale de Meedercher während der HANDWIERKSWOCH hire Métier virgestallt. Sie huet hir perséinlech Ausbildung beschriwwen an ass op de Profil (néideg Eegeschaften a Kompetenzen) vun enger Esthéticienne agaangen.