LëtzTalk about after Covid 

Projet vun der 1TPCM 

Eis Enquête gouf iwwer den Impakt vum Covid op eist Liewen am Alldag gemaach. Dofir hunn mir ee spezielle Questionnaire erstallt a sinn dann Ufanks November 2021 an de Shopping Center Cloche d’Or gaangen, fir do Leit ze interviewen. Ausserdeem hunn mir nach eise Questionnaire digital verschéckt. 

Op der Base vun den Resultater, hunn mir eng Power Point – Präsentatioun mat e puer interessante Grafiken erstallt, déi mir dann bei eiser Table ronde, vum 2. Mäerz 2022, virgestallt hunn. 

Eis Invitéën waren: 

  • D’Madame Fabienne Steffen, d’Directrice générale vum Grupp Elisabeth ; 
  • D’Doktesch Salima Aarab, Médecin spécialiste ; 
  • Den Deputéierten Marc Hansen, Membre de la Commission parlementaire de la Santé et des Sports an Apdikter. 

Natierlech hate mir grouss Hëllef vun der Madame Lahyr an dem Här Lepage, déi eis duerch de ganze Projet gehollef hunn. 

Am Numm vun der Klass 1TPCM, wëlle mir ee grousse Merci un de Grupp Elisabeth soen an mir denken un all déi Leit, déi eis an dëser Pandemie verlooss hunn.