Bibliothéik a Corona-Zäiten

Och a Corona-Zäite steet d’Dir vun der Bibliothéik fir all Schülerinne grouss op. Kee Corona-Féiwer, mee Manga-Féiwer ass an eiser Schoul ausgebrach. Eng grouss Auswiel vu verschidde Mangaen a verschidde Sprooche stinn eise Schülerinnen zur Verfügung a ginn och gären ausgeléint. Liesen huet jiddwerfalls nëmme gutt Niewewierkungen!